Les activités qui durant la Semaine Sainte Claire sont retransmises sur You tube sont signalées par Stream*. Si vous cliquez sur Stream* vous aurez le lien correspondant.

Pour avoir une liste de tous les liens, cliquez ici sur Retransmission Youtube

Programme

vun der Semaine Sainte Claire

Samschdes, 2. Oktober 2021

09.00 a 14.00    Näerden (Kierch): Familljekateches ënnert dem Thema: 

                                    « Mat der helleger Klara ënnerwee »

18.30 Stream* Viichten (Kierch): Mass zum Ufank vun der Semaine Sainte Claire : 

D’helleg Klara d’Patréinesch vun eiser Par

Sonndes, 3. Oktober 2021

10.30 Stream* Useldeng (Kierch):       

                        Feierlechen Empfank vun der Statue vum hl. Franziskus,                              

uschléissend Eucharistiefeier a Seenung vun der Statue. 

                        No der Zeremonie gëtt d’Statue an den Haaptaltor intégréiert. 

                        Org: Pastoralrot & Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng asbl.

17.00 Stream* Réiden (Kierch):           

« D’helleg Klara – e Liichtbléck fir eis Zäit »   

Konferenz

iwwert d’Liewen an d’Wierken vun der helleger Klara

mam Marie-Thérèse Birkel

Umeldung: jjf@scj.lu oder 23621053 

18.30 Stream* Redange (église): Messe du dimanche en français

                        en honneur de sainte Claire, patronne de la paroisse 

      

Méindes, 4. Oktober 2021

Fest vum hl. Franziskus

10.00 Stream*  Osper (Kierch): Mass z. E. vum hl. Franziskus an der hl. Klara

19.30 Stream* Groussbus am Centre Weihersäift (rue de Buschrodt) :

En Owend zu « Fratelli Tutti », dem Poopst Franziskus seng Visioun op d’Kierch an op d’Gesellschaft.

Aleedung zum Thema, Lou Anzia-Ney, Pastoralrot 

Aarmut gesinn – eng Realitéit – Nout behiewen, Raoul Schaaf, President vum Office Social/ Réidener Kanton – Direkter CNDS

Flüchtlinge bei eis – Mënschen ophuelen, Marie-Christine Ries, Responsabel vum Diozesane Projet „Reech eng Hand“

Mënschen op der Strooss- fir de Nächsten do sinn, 

David Mallinger, Streetworker/Sozialaarbechter CARITAS

                                   Umeldung : jjf@scj.lu oder 23621053 

Dënschdes, 5. Oktober 2021

10.00 Stream* Bëschrued (Kierch): Mass fir d’Grousselteren an d’Senioren

14.00               Iewerleng (Kierch): Traditionellt Rousekranz- an Psalmegebiet.

                        Org: Pastoralrot a Communautéit Iewerleng

17.00               Useldeng (Kierch): Feier fir d’Kommiounskanner a d’Familljen

19.30               Réiden (Kierch): 

Urgelkonzert:

Den Titularorganist vu Réiden Carlo Philippe

interpretéiert 15 Momenti Francescani

vum Andreas Willscher

Mëttwochs, 6. Oktober 2021

En Dag eucharistesch Anbetung

VENITE ADOREMUS

D’eucharistesch Anbetung hat am Liewe vun der helleger Klara eng wichteg Plaz. Dofir wëllen och mir an der “Semaine Sainte Claire” een Dag hunn vun Anbetung virum Allerhellegsten, ausgesat an enger Monstranz. An eisem Liewe gëtt et villes, wat eis beschäftegt a belaascht, awer och wat eis frou mecht. An der eucharistescher Anbetung duerfe mir mat all dem bei de Jesus kommen an einfach bei him sinn. A Freed, an Trauer, a Schmäerz, an Zweifel, an Ongewëssheet, a Krankheet, mat eise Stäerkten a mat eise Schwächten. Jesus wëll eis a senger onendlecher Léift begéinen. Dofir brauche mir näischt Extraes ze leeschten, mir duerfen einfach do sinn an Zäit mat him verbréngen. Mir lueden Iech an, Iech Zäit fir de Jesus, fir Iech selwer a fir anerer am Gebiet ze huelen.

08h00 – 08h30: Laudes

08h30 – 15h00: stëll Anbetung 

15h00 – 15h30: Eucharistesch Andacht   Stream*

15h30 – 17h00: stëll Anbetung

17h00 – 17h30: Anbetung fir d’Kanner 

17h30 – 19h00: stëll Anbetung

19h00 – 19h30: Vesper mat eucharisteschem Seegen

Fir d’Zäite vun der stëller Anbetung besteet de Wonsch, dat wärend der ganzer Zäit mindestens 1 Persouan der Kierch virum Allerhellegsten ass. Fir dëst ze garantéieren, wiere mir frou, wann Dir Iech gieft umelden, fir ½ Stonn (oder méi) dës Plaz anzehuelen. 

Umeldungen fir d’stëll Anbetung si méiglech all Nomëtteg 

ausser Méindes, tëscht 13h – 17h beim Josiane Linden

um Telefon 691 22 06 66.

Natierlech dierf Dir och fir ee Gebiet an d’Kierch kommen, wann Dir net ugemellt sidd, oder Dir kënnt eis vun Doheem aus am Gebiet ënnerstëtzen.

Donneschdes, 7. Oktober   

Fest vu Maria, der Rousekranzkinnigin

10.00               Randschelt: Rousekranzgebiet an der Natur

19.00               Préizerdaul (Kierch): 

Erënnerungsfeier fir déi Verstuerwen

19.00               Bieckerich (Kierch): 

Erënnerungsfeier fir déi Verstuerwen

Mir erënneren eis un déi Verstuerwen vum dësem Joer

Umeldung (no dem 27.9.): jjf@scj.lu oder 23621053

Freides, 8. Oktober 2021     

15.00 Stream* Réiden (Kierch): 

Mass mat den alen a kranken Leit

als Danksagungsmass

fir d’Wierken vun de Franziskanerinnen an eise Gemengen. 

Umeldung: 691 497273

19.30               Wahl (Kierch): 

Veillée fir déi Jonk zesummen mat deenen déi sech op d’Firmung virbereeden

D’Helleg Klara e Liichtbléck fir haut

Samschdes, 9. Oktober 2021   

8.00                 Réiden (beim HPPA Saint François):

Mir ginn de Franziskuswee vu Réiden bis op Ell,

duerno Kaffi am Sall.                              

Umeldung: jjf@scj.lu oder 23621053

10.00               Ell (Sall Camille Ney): Info – Austausch – Plangen fir dat next Pastoraljoer 2021/2022,

duerno Ofschloss an der Kierch an Verre de l’amitié

L’icône de la vie de sainte Claire (Assise)
Catégories : Actualités